Mini liter aturen
PaW
Park am Wanter
Däischter Faarwen, ewéi Käerzen aus Pabeier, esou rar ass d’Luucht ginn. E puer Ausname blëtzen op wann d’Beem an d‘Hinger hell Kapen droen. D’Wëllef huerelen, so ëm fënnef Auer am Nomëtteg, alleguer zesummen. D’Papageie paken sech fest um Maschendrot un a fierwen dee blo a giel a rout. Och gring. Si doe Kreesch mat héijen Téin: Wéi genee kléngt d’Stëmm vun engem Ara? Vun e puer Araen am Chouer? Faarwen tëppelen am däischteren Ambiente vum Beetebuerger Märchepark am Wanter. Fir de Public ass en zou bis d‘Fréijoer. Bis um Enn vun den Ausbesserungen un de Ställ, un de Gelänneren, de Weeër an Anlagen. Ech krut frëndlecherweis d‘Erlabnis eng Fotosaarbecht unzegoen. Et war iwwregens den zweete Versuch. Déi éischt Biller waren tëscht zwee Fichiere verluer gaang.
Neen, och wann ech als Kand mat menger Bom a mengem Bop de Park méi ewéi emol besicht hunn, ass et keng Nostalgie, ëm déi et geet. Verschidden Ariichtunge goufen nei opgeriicht. Klonen a Verkuerbelunge sinn nach ëmmer do, d‘Logoe vu Firmaen net z’iwwersinn. D’Déiere sinn ausgewiesselt ginn an d’Araen op hire Staangen an der Entrée vum Park si längst an der Éiwegkeet ukomm.
.../...
Mär kucken, wa si kommen
Friem Wiese kucken op eis erof. Mär kucken erop. Mer wëssen net, wat kënnt. Si wëssen net, wee mer sinn. Mär kucken, observéieren, kucke lénks, kucke riets. Fäerten eis den Aarsch aus der Box. D’Aen aus dem Kapp. Si gräifen un. Wéini ? Geschwënn. Wéini ass geschwënn ? Mar ? Iwwermar ? Oder vläicht guer net ? Si schloen alles vreckt, huddel fatz a kapott. D’Medien titelen: « Mär sinn a Gefor ! Awer, mär si prett. » Mer diichte genee, huelen an d’Viséier, halen den Otem un, blënzelen. Do spillt eng Stëbswollek. Do wänzelt sech en Tsunami. Mer botzen d’Lëns an dréinen an dréine méi schaarf a gesi kloer an nach méi kloer : Do kommen se. Wee sinn si ? Wou kommen déi hir ? Elo geet et lass ! Wee si mär ?